D’APED stellt sëch fier

APED 2015

Zieler

Als Dikricher Elterenvereenegung huet d’APED als Ziel flott Aktivitéiten fier d’Primärschoulkanner an fier hier Elteren ze organiséieren, an awer och Themen rondrëm d’Schoul ze diskutéiren.

Organisatioun

D’APED huet Memberen an Commitésmemberen.

Am Ufank vun engem Schouljar kréien alleguerten d’Elteren vun den Dikricher Primärschoulskanner eng Aluedung fier d’Generalversammlung vun der APED. An dësem Breif ass och en Virement derbäi fier d’Memberskaart ze bezuelen.

D’Aktivitéiten vun der APED gin vum Commité organiséiert. Fier Commitésmember ze gin, schreift eis einfach en Message op d’Emailadress apeddiekirch@gmail.com

Den Commité

Nodeems den Commité di letzt Jaren leider net ganz vill Zoulaaf un neien Memberen hat, hu mier eis 2014 bal missten opléisen. Un dëser Stell nach eng Kéier en ganz décken Merci un “di aal Equipp”, déi bis dohinner eng super Arbëcht geleescht hat! 🙂

Mëttlerweil si mier dofunner wäit ewech! Mier hun ganz vill motivéiert an dynamesch Eltren fonnt, déi eng Hand mat upaken an konnten och schon eng Rei ganz flott Aktivitéiten ubidden! Am Dezember 2014 hu mier dem Kleeschen an der Seeërei mam Gedrénks gehollef, an Ufank Mäerz haten mier vill Succès mat eisem Liesmoien an der Maison Relais, wou mer deenen Klengen flott Geschichten fiergelies hun. Immens frou si mier och, dass esou vill Elteren vun der Kaffisstuff profitéiert hun. Mier selwer fannen et och flott, dass een hei mol eng Kéier d’Gelegenheet huet, aner Elteren kennen ze léiren!

Den Commité vun der Eltrenvereenegung gesäit sech a regelméißegen Oofstänn fier Aktivitéiten ze plangen an fier Themen rondrem d’Dikkricher Primärschull ze diskutéiren.

Mier täuschen eis och regelméißeg mat den Eltrenvertrieder äus, déi d’Interessen vun den Dikricher Elteren ënnert anerem an der Schoulkommissioun vertrieden.